Generalversammlung Fraen a Mamme vu Réiden

Viru kuerzem hunn d’Fraen a Mamme vu Réiden hir Generalversammlung am Polyvalent zu Réiden ofgehale fir op d’Joer 2021 zeréckzekucken.

D’Presidentin Martine Lallemand-Wio huet d’Invitéë begréisst; d’Vertrieder vun der Gemeng, Madamm Monique Kuffer, den Här Valentin Bodem an den Här Jeff Muller, Madamm Marie-Claire Rasqué Dekanatsvertreterin vom Dekanat Zentrum, d’Éierepresidentin Madamm Rosa Pletschette-Wolter, vum Nidderpallener Gesank Madamm Betty Heimermann-Wio, esou wéi d’Vertrieder vun der Associatioun Op der Schock, d'Madamme Joëlle Duprel a Christine Lallemand. Entschëllegt war den Här Henri Gerekens, Buergermeeschter vu Réiden an Madamm Joke de Kroon Vizepresidentin vun der ACFL.

D’Presidentin ass och gläichzäiteg d’Sekretärin vum Veräin an huet den Aktivitéitsbericht virgedroen an d'Caissière Sonja Mores de Keesebericht. Fir 2022 sinn eng Rei Aktivitéite virgesinn.

Éierepresidentin Mme Rosa Pletschette-Wolter déi 85 Joer gefeiert huet, krut ee Blummebouquet iwwerreecht.

Den Aumônier, de Pater Jean-Jacques Flammang huet ënnerstrach wéi wäertvoll d’Arbicht vun de Fraen a Mammen ass, an dass Don’e maache grouss geschriwwe gëtt.

Dekanatsvertriederin esou wéi och Gemeng hunn Merci gesot.

D'Presidentin Martine Lallemand-Wio huet der Gemeng, de Sponsoren, de Memberen an de Frënn en häerzleche Merci gesot fir déi Ënnerstëtzung, an huet sech gewënscht dat dat an Zukunft esou bleift.

Och wann dat lëscht Joer keng grouss Einnamen do waren, goufen dunn zesumme mam Gesanksveräi vun Nidderpallen 2 Schecken un «Op der Schock» vu Réiden iwwerreecht. De Paller Gesank huet 1000€, a Fraen a Mammen hunn 1500€ gespent.

Déi Verantwortlech vun «Op der Schock» hu Merci gesot an dovu profitéiert fir hir Projet'en virzestellen, an ze erklären, wéi d'Suen verwennt ginn. Och wann si vum Staat konventionéiert sinn, mussen si awer nach villes aus der eegener Täsch bezuelen, an ouni Spende wären d'Ënner net zesummen ze kréien.

Bei engem gudde Pättchen a Kuch ass den Owend ausklénge gelooss ginn