Generalversammlung vun de Fraen a Mammen vu Réiden

Chequeiwwerreechung un d’Fondation Wonschstäer

Et war di 22. Generalversammlung, ob déi d’Fraen a Mamme vu Réiden viru kuerzem invitéiert haten. Nodeems mer zesumme mat eisem neien Här Paschtouer Ricardo Monteiro d’Mass fir all lieweg a verstuerwe Membere vun de Fraen a Mamme gefeiert haten, si mer an de Polyvalent gaang fir d’Versammlung ze halen. D’Presidentin a Sekretärin Martine Lallemand huet d’Leit begréisst, dorënner speziell de Buergermeeschter H. Gerekens, d’Chorale vun Nidderpallen awer och di Damme Viviane Vermeer a Rita Wallerich vun der Fondation Wonschstäer, déi am Laf vum Owend ee Cheque iwwerreecht kritt hunn. Nodeems d’Sekretärin erzielt hat, wat am Laf vum Joer 2017 geschafft ginn ass an och, wat fir dëst Joer virgesinn ass, e.a. Eisekuche baken den 1.5. zu Nidderpallen, den 13.5. um Atertfest, den 13.7. um Schoulfest an den 30.9. um Kropemanfest, Pilgerfaarten an d’Oktav an op Banneux, an d‘ Familljefest de 15.8. op der Spillplaz zu Osper, huet si d’Wuert weiderginn un d’Keessjär Sonja Mores, déi en equilibréierte Bilan virgeluecht huet, dee vun de Keeserevisorinne Susi Reichling a Christiane Scholtus kontrolléiert ginn ass an Entlaaschtung vun der Versammlung kritt huet. Et war dunn um Buergermeeschter Henri Gerekens, deen d‘Fraen a Mamme felicitéiert huet fir hirt Wierken am Déngscht vun de Matmënschen.Ganz intressant war de Virtrag vun den Damme vun der Fondation Wonschstäer. Hir Aarbicht besteet doran, Mënschen, déi am Liewen e schwéiert Schicksal ze droen hunn, e Wonsch ze erfëllen. Fir si ze ënnerstëtzen hunn d’Fraen a Mammen zesumme mat der Chorale Ste Cécile vun Nidderpallen jeeweils e Cheque vun 1.250 € iwwerreecht. Dës Zommen sech e.a. aus dem Subsid vum Kropemansfest zesummen, wou di zwéi Veräiner vill Eisekuche gebak a verkaaft haten.Den Owend dass zu Enn gaange bei gemittlechem Zesummesëtze mat selwer gebaaktem Kuch an dem Éierewäin, deen di Réidener Gemeng offréiert hat.(Foto M.Plegen)