Neien Massagestudio an der Réidener Schwämm


Réiden/Atert: Viru kuerzem konnt de President vum Gemengesyndikat "RéidenerSchwämm" , Patrick Wampach mat senger Ekipp di offiziell Ouverture vum Massagestudio "Escape" an de Raimlechkeete vun der Schwämm viru versammelte Gäscht feieren. Nodeems de Fitness Raum am Sous-sol vum neie Saunasgebai net méi dee groussen Uklang fonnt hat, ass no enger alternativer Notzung gesicht ginn. Hei war et dann och ee richtege Gléckstreffer, dat e mam Mary Chanot eng professionnell Masseuse fonnt huet, déi bereet war hei hire Salon anzeriichten, dee net nëmme fir d'Clientë vun der Schwämm, mee och fir de grand public vu baussen accessibel ass. Duerch hier diversifiéiert Formatioun an deene verschiddensten Techniken ass et der Madame Chanot méiglech ee professionelle Service an engem angeneemen Ambiente unzebidden. Der sympathescher Madamm war et dann och wichteg, sech bei der Direktioun vun der Schwämm ze bedanken fir des Lokalitéite duerfen ze lounen, a sech domadder hire perséinlechen Dram vum Fräiberuffler z'erfëllen. Weider Informatioun fannt Dir op www.escapestudio.lu oder um tel 621 963 388. (RG) (Fotoen: Charles Reiser)