Präisiwerreechung fir di schéinsten Blummendekoratiounen


Gaard an Heem Sektion Réiden huet hir Memberen geéiert

Réiden/Atert: Bei vollem Haus am Centre Polyvalent zu Réiden war et fir de President Raymond Schlim vun der Gaart an Heem Sektioun RéIden eng besonnesch Freed di vill Memberen an Éiergäscht ze begréissen an jidderengem Merci ze soen fir di gut Zesummenarbicht an dat intensivt Schaffen iwert dat ganzt Joer. No dem gut gefëllten Aktivitéitsbericht vum Ramona Muller gouf bekannt, dat am laafende Joer folgend Datumer schon fest am Kalenner ageschriwwe sin. Mammefeier (17. Juni); Ausflug op d’Musel (5. August); Hierkenowend (17. November) an Besuch vun engem Chrëschtmaart. Derniewt gin och nach e puer Mol am Joer gut Eisekuchen am Réidener Cactus gebâk. Di positiv Finanzlag vum Christiane Poull ass vun den Keesserevisoren Gaby Raposo an Cedric Bradara als exakt bestätigt gin. Fir di finanziell Ënnerstëtzung vun der Gemeng an och säitens dem Organisator vum Kropemannsfest, gouf et en extra Merci. Als Vertrieder vum CTF- Zentralcomité ass den Léon Wietor, den niewt senge bäschte Gléckwënsch un die Réidener Sektioun fir hiren Aasatz, un die staark besicht Fortbildungskursen, de Projet vun engem neien geplangtem Heem , dem zukunftweisendem Informatiksystem an denen villen Ufroen vun private Leit fir d’Planung vun enger Gaardenanlag fir Doheem Geméiss an Uebst selwer ze produzéiren, agaangen. Och gouf un di kirzlich verstuerwen CTF- Presidenten Metty Loos an Jean Kieffer erënnert . A senger Ried huet de Buergermeeschter Henri Gerekens di vill Aktivitéiten vun der Réidener CTF- Sektioun mat hirem dynamischen Komitee zesummen mat hiren ronn 300 Memberen ënnerstrach an dem Gaardeveräin aus der Gemeng Réiden fir Zukunft nach vill Freed am Gaard an engt erfollegräicht Joer gewënscht. Mat der CTF- Éiernodel am Sëlwer, Bronze a Gold sin och 30 Memberen ausgezeechent gin. Ofschléissend sin eng ganz Reih vu Gewënner, déi um Concours, Villes et Villages fleuris mat gemeet hun, déi an de Summerméint vum Chantal Wirtz a Alex Weimerskirch als onofhängig Jury bewert gi sin, mat engemn Akaafsbong geéiert gin. Sektioun Lannen: Monique Schroeder- Siebenaller an Jean- Pierre Wohner. Sektioun Nojem: Roger Schneider- Hengen, Carmo Garcia an Marcel Becker- Kaufmann. Niederpallen: Nicolas Thein- Mack, Marie- Thérèse Decker an Gilbert Reding- Muller. Sektioun Ospern: Liliane Pletgen- Reding, Marie- Thérèse Schleich, Christiane Wiance- Zigrand an Margot Barthel- Reckinger. Sektioun Reichlingen: Danielle a Mike Simon- Arendt an Ben Leiner. Sektioun Réiden/Atert: Réidener Gemeng- Otto Nils, Marc Peller- Kirchen, Nico Esser, Joé Reiser, Léon Fox, Alex Riffer, Paul Reiser- Goergen, Maggy Hensgen, Jean Conrardy, Lydie Renoir -Goergen an Monique Kuffer. Das aktuelle Komitee: Raymond Schlim (President); Charles Welter (Vizepresident); Nadine Nickts an Mireille Deprez (Sekretärinnen); Christiane a Jean Poull (Finanzverwalter). Weider Mitglieder sin: Andrée Weber, Ramona Muller, Karin Knaus an Jemp Schartz. (CR) (Foto: Charles Reiser)