Réidener Wanterlaf, bis elo iwert 208 500 Euro gespend


Réiden/Atert: Ganz gut besicht war di 16. Generalversammlung vum Réidener Wanterlaf viru kuurzem an der Aula zu Réiden. Agaangs huet de President Fernand Thill sengem Komitee, dem Atert- Lycée, denen ronn 130 Leit di benevol am Asaatz waren, souwi der Gemeng Réiden mat hiren technischen Service, fir hirt grousst Engagement Merci gesoot, esou dat den Wanterlaf 2023 op et neiss e groussen Erfolleg war. Duerno huet de Sekretär Claude Conrardy di iwert 25 Aktivitéiten vum Veräin, Revue passéiere gelooss, wou de Komitee och iwert d’Joer ganz engagéiert war. Aus dem ausféierlichem Keessebericht vum Fernand Thill gong ervier, det de Réidener Wanterlaf mat Ausgaben vun ëmmerhin 27.255 Euro an 14.380 Euro un Spenden nach op enger gudder Finanzbasis berout. Dobéi gouf bemierkt, dat de Réidener Wanterlaf säit senger Grënnung am Joer 2007 bis 2023 nit manner wi 208.516 Euro u Spenden fir gudd Wierker ausgin huet. Als ganz exakt hun di zwéin Keesservisoren Louis Bokkon an Romain Sassel di perfekt Buchführung bestätigt an Entlaschtung gewährt. Och di nei opgestalten Statuten, wou verschidden Ännerungen am Detail virgelies gi sin, sin vun der Versammlung ouni Kommentar gut geheescht gin. Fir dat laafend Joer ass och e Budget vun 40. 000 Euro virgesin. Bei der Neiwiel vum Komitee sin di 4 nei Kandidaten Jérôme Feltz, Romain Hoffmann, Mario Martins an David Valent per Akklamatioun op hirem neie Posten bestätigt gin. A senger Laudatio huet de Buergermeeschter Henri Gerekens dat grousst Engament vum Komitee mat hirem neien President Fernand Thill begréisst, huet di vill Aktivitéiten iwert d’Joer ervierguewen wou och den Atert Lycée all Joer matmëcht an och de Komitee vum Wanterlaf weiderhin vun der Gemengeverwaltung gären ënnerstëtzt gett. Ofschléissend huet de Buergermeeschter di vill Spenden an all denen Joeren fir gut Wierker ënnerstrach. Zum Schluss vun der Versammlung goufen folgend Schecken mat engem Total vun 20.016 Euro verdeelt: „Trisomie 21“: 10.016 Euro, vertrueden duerch de Victor Wolff an d‘Jeanne Zuidberg. „Île aux clowns“: 2.500 Euro, vertrueden duerch de Claude Hemmer. „Herzkrank Kanner“: 2.500 Euro: vertrueden duerch d’Monique Pletschet an Carole Rommes. „ASA/Assistenzhonn/Muppeschoul“ : 2.500 Euro, vertrueden duerch de Luc Schwartz. „Chiens guide aveugles“ hun och 2.500 Euro iwerwisse kritt. (CR) (Foto: Charles Reiser)