65. Rochusfeier - Schutzpatroun vun de Bäcker, Mëller a Patissiers

Rëmmerich: 65 Mol hun d'Bäcker, d'Mëller a Patissiers hiren Schutzpatroun, den hl. Rochus, schon, op Päischtméinden zu Rëmmerch gefeiert. Virun der Rochuskapell haaten sech dest Joer och ganz vill Leit mat den Memberen vum Bäckerverband., vum Gemengerot an der Amicale Préizerdauler Pompjeeën virun der schéiner Bëschkappel versammelt, fir dem Gottesdëngst och beizewunnen. A senger Predigt ass de Pater Jean- Jacques Flammang kuerz op d'Liewen vum Hl. Rochus agaangen an huet op folgendes drop higewissen: D'Brout seet eis : eleng brënge mir nët alles fäerdeg, mir sin op d'Hëllef vun aner ugewissen; esou wéi fir d'Brout ze maachen, mir op d'Hëllef vun anerer ugewisse sin. De Bäcker eleng geet nit duer, Héi brauch de Mëller an de Mëller brauch och nach de Bauer soss wiist näischt. An de Bäcker brauch dann och nachee, dee säi Brout verkeeft. Esou weist d'Brout op eng Verbindung tëschen de Mënschen hinn. Elo wou Krich an der Ukraine ass , kréien Afrika an och mir ët mat der Angst ze dinn. An der Ketten, déi noutwendig ass fir d'Brout, feelen opemol wichtig Glidder, an esou ass ëtt gutt Méglich, datt op emol ganz Länner kee Brout méi hun. Zum Schluss vum Gottesdëngst , den vum Chouer Fëschbech- Angelsbierg- Schous ënnert der Direktioun vum John Daems verschéinert gin ass, gouf dat frësch gebâckent Brout och geseent. Beim Eierenwäin an no de Rieden vum Josée Steichen- Risch , Presidentin vum Syndicat d'initiative Préizerdaul, dem Jean- Marie Neuberg, President vum lëtzebuerger Bäckerverband, dem Carlo Bock, President vum Richemont Club Lëtzebuerg an dem Buergermeeschter Marc Gergen, huet di Préizerdauler Musik ënnert der Leedung vum Christoph Terver, e Concert- Apéro zum Bäschte gin. Mam Verdeelen vu Broutspezialitéiten un all present Leit huet dess Jubiläumsfeier hire würdigen Ofschloss fond. (CR ) ( Fotoen: Charel Reiser)