Orchideen fir d’Josette Ruppert- Schroeder
Rëmmerich: Bei ville Gemengen am Land ass de schéine Brauch, fir hir Matbierger zum Gebuertsdag ze éieren. Esou haat de Buergermeeschter Marc Gergen mat sengen Schäffe Marc Rehlinger an Fernand Müller viru kurzem di grouss Éier dem Josette Ruppert- Schroeder vu Rëmmerich mat enger Coupe schéiner Orchideen, am Numm vun der Préizerdauler Gemeng, die allerbäscht Gléckwënsch zum 85. Geburtsdag ze iwerbrëngen. D’Josette Schroeder gouf den 10. Dezember 1936 als jëngst Duechter vun acht Kanner vum Brautpuer Nic Schroeder an Melanie Wagner zu Proz gebuer. Den Dag vun der Hochzäit mam Pier Ruppert vu Rëmmerich war den 19. Abrël 1955.Virun hirem Bestiednis huet hire Mann Pier op der Duchfabrik zu Platen geschafft an ass nach am selwechte Joer bis zu senger Pensioun am Joer 1987 sengt deeglecht Brout bei der Arbed zu Déifferdeng verdinge gaang. Niewebäi hun sie zwee nach e klenge Bauerebetrieb zu Rëmmerich zesumme gefouert. Aus hirem Bestiednis sin zwéin Jongen ervirgaangen. Haut zielen fënnef Enkel- an dräi Urenkelkanner zu der Famill Ruppert- Schroeder. Leider ass de Pier Ruppert schon den 21. September 2006 verstuerwen. Bei der Jubilarin Josette déi sech nach bei gudder Gesondheet fillt ass d’Fräizäit gut gefëllt mat Strëcken an och als leidenschaftlich Kaartespillerin am lokalen Senioreveräin,der Amicale vum drëtten Alter Préizerdaul. A gudder Gesellschaft ass d‘Glas zesummen mat der Famill erhuewe gin, an op weider gesond an zefridde Joeren ugestouss ginn. (CR) (FOTO: CHARLES REISER)