KONST UN DER SAUER (2. Editioun) : Sonndes, de 10. Mee 2017 vun 10 - 18h00 Auer
um weitere Bilder zu sehen.
De 7. Mee 2017 vun 10 bis 18 Auer invitéiere mir Iech all op Reisduerf fir di 2. Editioun vun "KONST UN DER SAUER" - organiséiert vun der Reisdrëfer Kulturkommissioun mat Ënnerstëtzung vun der Chorale Ste. Cécile an der Reisdrëfer Musek a.s.b.l. - am a ronderëm d’Gillenhaus (Centre Polyvalent) zu Reisduerf.
https://www.facebook.com/events/1719304141729922
http://www.reisdorf.lu/fr/Pages/Konst-un-der-Sauer.aspx
- Ëm 11.30 Auer spillt d' Reisdrëfer Musek e flotte Concert Apéro
- duerno ass d' Kichen op an e gudde Maufel wäert op Iech waarden.
Di 2. Editioun vum "KONST UN DER SAUER" konnt 36 Aussteller engagéieren, hiere Metier virzestellen an Iech en Abléck an hier unique Konschtwierker unzebidden:
ANTONY Fränk, Gilsdorf, Bijouen aus Papeier
AUMASSON Nani, Reisdorf, Summerdeko a Molerei mat Rascht
BALTES Stephanie, Konz, Armbänder
BALTHASAR-DIDIER Gaby, Brouch, Keramik
BARONE Gilbert, Garnich, Liqueur
BECK Gaby, Gosseldange, Bijouen
BOENTGES-RECKINGER Carine, Consdorf, Keramik a Molerei
BOHLER Odile, Cruchten, Bijouen
DENIS Nadia, Selange, Bijouen aus alen Aueren
EVEN-RIES Eliane, Bettembourg, Braceleten
FELTEN Mäx, Reisdorf, Skulpturen aus Eisen an Holz
GIBERYEN Tania, Frisange, gebitzten Uebst– a Broetkierf
GLEIS Marc, Nommern, Konscht aus Holz
GREISCHER Alice, Christnach, Stoffkollagen, Kartonage, Patchwork
HARDT Carlo, Echternach, Skulpturen aus Eisen
JACOBY Antoine, Vichten, Récup-Art
JUNKER Paul, Godbrange, Gedrechseltes aus Holz
KEISER Nicole, Mertzig, Molerei a Beemercher
KNAUS Jeanne, Reisdorf, Ouerréng
KOHN Malou, Mersch, Schiertecher a Poschen
KREMER Violette, Dudelange, Bijouen
LANGINI Louise, Echternach, Molerei
LORANG Guy, Reisdorf, Vintage Letter Collagen
MAYER Diane, Cents, Patchwork
MEERT Ann, Habay-la-Vieille, Molerei a Raku
MELMER Sarah, Tuntange, Bijouen
MEYER Christine a Luss, Esch/Alzette, Airbrush, Schlësselbrieder, Papeierhalter, Kannerregaler
PELLER-HAMEN Simone, Bourscheid, Keramik
PONCELET Monique, Ettelbruck, gebitzt Dëschseten
RATHS Yvette, Bissen, Keramik
RIZZI Chantal, Welscheid, Keramik-Gebrauchsartikelen
ROLAND-RODESCH Josée, Bissen, Keramik
SCHENTEN-RECKINGER Paulette, Consdorf, Toun a Raku
SCHWINDT Romain, Mertzig, Skulpturen aus Eisen a Holz
VIAGGI Mauro, Mertzig, Molerei
Kommt all bis laanscht a genéisst e flotte Sonndeg bei eis zu Reisduerf - op eiser 2. Editioun vun "KONST UN DER SAUER" - mir freeën eis op Äre Besuch.
Frank Hilkhuijsen (fir d' Reisdrëfer Kulturkommissioun an fir d' Reisdrëfer Musek a.s.b.l.)