D'Kanner aus der Reisduerfer Grondschoul spenden un d'Croix-Rouge

Am Kader vun der traditioneller Sportswoch di di Reisduerfer Schoul all Joer fiert Schoulkanner organiséiert, hutt dëst Joer ee „Sponsored Run“ stattfonnt. D’Kanner hunn sech bei hirer Famill Sponsore gesicht, di sech bereet erkläert hunn, eng gewëss Zomm pro gelafenem Tour um Fussballterrain respektiv an der Sportshal ze sponseren. Dobäi ass di fantastesch Zomm vu 5788,50€ zesumme komm, di d’Schoul integral un d’Croix-Rouge luxembourgeoise zu Gonschte vun der Ukraine-Hëllëf gespent hutt. Um Schoulfest gouf dëse schéine Chèque un den Häer Christof Muller, den am Numm vun der Croix-Rouge luxembourgeoise do war, iwwerreecht. Mir soen all de Kanner an de Sponsoren en décke Merci.