D’Kanner aus der Reisduerfer Grondschoul spenden un Médecins sans frontières

An der Woch virun der Fuesvakanz hunn mir wéi all Joer zesumme mat de Kanner eng Frühstückswochen organiséiert. Wärend dëser Woch dierfen d’Kanner sech all Dag un engem grousse Frühstücksbuffet servéieren. Fir d’Zutaten ze finanzéiere bréngt all Kand 10 Euro mat. Wat zum Schluss iwwreg bleift gëtt fir de gudden Zweck gespent.

Am Kader vun eiser traditioneller Sportswoch hudd och dëst Joer nees ee „Sponsored Run“ stattfonnt. D‘Kanner hunn sech an hirer Famill Sponsore gesicht, di sech bereet erkläert hunn, eng gewëss Zomm pro gelafenem Tour um Fussballterrain respektiv an der Sportshal ze sponseren.

Duerch dëss zwou Aktioune konnten mir am ganzen eng Zomm vu 5000€ sammelen, di mir der Organisatioun „Médecins sans frontières Luxembourg“ gespent hunn.

Um Schoulfest hu mir dëse schéine Chèque iwwerreecht.

Een décke Merci an Gléckwënsch un all Leefer a Sponsoren!