Invitatioun op d' Generalversammlung vun der neier "Reisdrëfer Musek a.s.b.l." (18. Mee 2013 ëm 15 Auer am Centre Polyvalent - Reisduerf)

Léif Kanner,
léif Elteren,
léif fréiher Musikanten,
léif Frënn vun der Musik,

Mir wëllen eise Kanner an Iech alleguerten eng nei Reisdrëfer Musek ubieden a wiere frou, wann dir eis als Elteren vun eise jonke Musikanten, eemoolig Musikanten a Frënn dobäi aktiv ënnerstëtze géift.
Dowéinst hale mir den 18. Mee 2013 um 15.00 Auer eng ausseruerdentlech Generalversammlung am Centre Polyvalent of, fir den neien Numm, déi nei Statuten, de néien Komite an déi nei Keesserevisoren ze wielen.

Fir een néien anstännege Start vun der Musek am Duerf kennen zemaachen, brauche mir awer Leit, déi Member am Veräin oder souguer Member am neie Komite wëlle sinn. Gidd Member an eisem neie Verein an ennerstëtzt aktiv dësen Nei-Ufank zesumme mat eis, déi di de Moment versichen, dëse Projet un d‘Lafen ze kréien.
--------------------------------------------------------------------------------------------------------------
Waat musst Dir maachen:

1. Scheckt eis Är Demande, dass Dir Member vun der Reisdrëfer Musek oder Member fir de neie Komite wëllt ginn. All Kandidatur ass wëllkomm. Waat mir méi ee grousse Komitée kréien, waat d’Funktionnement vun der Musek besser leeft
2. Kommt op eis ausseruerdentlech Generalversammlung, di mir den 18. Mee 2013 am Centre Polyvalent ofhale wäerten, Ufank ass 15h00 Auer.
3. Am Fall wou et Iech perséinlech net méiglech ass an d’Generalversammlung ze kommen, an sech do als Member oder Komiteesmember opstellen ze kennen, bidde mir Iech d’Méiglechkeet un, Är Kandidatur(en) och mëttels enger schrëftlecher Vollmacht duerch eng aner Persoun eranzegin.

---------------------------------------------------------------------------------------------------------------

Fir dass jiddereen sech eng Iddie maache kann, wéi mir eis di nei Musik vu Reisduerf virstellen, hu mir decidéiert, eng Kopie vun den neie Statuten op der Gemeng ze hannerleeën, esou dass Dir alleguerte kucken a liese kënnt, wéi mir a Zukunft schaffe wëllen.

Weider Détailer kënnt Dir awer och zu all Moment froen beim
Sonja Muller ( 691 783 563 / @: mulson70@gmail.com )
Frank-Florian Hilkhuijsen ( 691 839 840 / @: ffh@tango.lu ).

Mir wënschen eis een aktive Veräin am Musekssall an an der Gemeng Reisduerf. Matt Äerer Hëllef wëlle mir een neie Veräin op d'Bee stellen, deen sech fir d'Freed un der Musek an eng flott Duerfgemeinschaft asetzt.
Kommt a maacht mat !

Sonja MULLERLiz WEBERFrank-Florian HILKHUIJSEN
Chantal GIORGIOLynn SCHILZJohann VAN BURKEN