Mir soe MERCI fir Äert Vertrauen a freeën eis op eng nei Zäit fir Reisduerf

Léiw Wieler a Wielerinnen,

Dir huet eis gëscht Äert Vertraue geschenkt an aktiv dozou bäigedroen, dass zu Reisduerf endlech eng NEI EQUIPE ufänke kann - mir soen Iech villmools Merci fir all Är Stëmmen an d' Iwwerzeegung, dass et un der Zäit ass, dass Reisduerf och wierklech eng Gemengefeierung kritt, op déi verlooss ass.

Mir si frou, dass Dir eis ënnerstëtze wëllt - am Interessi vun der ganzer Reisduerfer Gemeng an hire Bierger - a mir wiere frou, wann Dir eis och weiderhin esou gutt ënnerstëtze géift wann et drëms geet, fir Reisduerf eng nei Perspektiv ze ginn.

Nei Leit, nei Iddien, nei Weeër - Äer Equipe fir d'Gemeng Reisduerf