OUVERTURE vun der Bibliothéik vun der Gemeng Reisduerf - Samschdes, de 19. Januar 2013 um 15:00 am “Gillenshaus” -

Wëllkomm an eiser Bibliothéik !

Am “DE REDDER” hate mir een Artikel, datt d' Kultur- a Kommunikatiounskommissioun amgaang ass am “Gillenshaus” eng Bibliothéik anzeriichten. Mir si ganz frou Iech lo kënnen op

D’OUVERTURE vun der Bibliothéik
vun der Gemeng Reisduerf

- Samschdes, de 19. Januar 2013 um 15:00 am “Gillenshaus” -

ze invitéieren.

---------------------------------------------------------------------------------------------------------------
No der Ouverture stellt de Luc Marteling säi neit Buch "Luxemburg in der Welt 2"
vir, dat hien zesumme mam Steve Müller erausbruecht huet an dat déi 2 Auteuren nees op e sëlleche Plazen uechtert d'Welt gefouert huet - iwwerall dohin, wou et eppes z'entdecke gëtt, wat no Lëtzebuerg benannt ass. Kommt mat op eng passionnant Rees, déi vun Europa bis an Afrika a Latäinamerika féiert a mat Fotoen a Videoen ënnermoolt gëtt.
Op Wonsch ginn och Bicher signéiert.
---------------------------------------------------------------------------------------------------------------

Vum 26. Januar 2013 un ass d' Bibliothéik dann
all Samschdeg vun 10.00 bis 12.00 Auer fir Iech op.


Org.: Kultur - a Kommunikationskommissioun vu Reisduerf