Public Viewing WM 2014 - Fifa World Cup Brasil 2014 - am "Gillenshaus" zu Reisduerf

Public Viewing WM 2014 - Fifa World Cup Brasil 2014 - am "Gillenshaus" zu Reisduerf

D'Integratiounskommissioun invitéiert Iech alleguerten op eisen 2. Public Viewing zu Reisduerf, dës Kéier am Kader vun der WM 2014, an daat zu enger Rëtsch Spiller aus der K.O. Ronn (Détailer an eisem PDF), an baal all Spiller duerno bis op d' Final vum 13. Juli 2014.

Kommt bis laanscht, fir Iessen a Gedrënks ass gesuergt. Och Kanner ënnert 16 Joer sinn wëllkomm, a Begleedung vun engem Erwussenen.

Den Countdown leeft, a mir freeën eis op vill flott Spiller a cool Stonnen zesummen hei bei eisem Public Viewing zu Reisduerf.

D' Integratiounskommissioun vu Reisduerf