De Kleeschen op Besuch zu Remerschen

E Sonndeg de Metteg war d'Opreegung grouss fir die Kleng aus der Zentralschoul vu Remerschen. De Kleeschen a säin schwaarze gesell waren op Besuch an hunn dene braven Kanner Schokela an e Boxmännchen verdeelt. Duerno huet de Kleeschen nach an flotten Chrëschtbazar vun der Schoul eran gekuckt an all die flott Sachen bewonnert déi Kanner aus denen verschiddenen Cycle'ën gebastelt hunn. E Stéck Kuck mat enger Taass Kaffi gouf et um Bazar a dobaussen huet de Fëscherveräin vu Remerschen e gouden Glühwäin zervéiert. Begleed war de Cortège musekalesch vun der Schengener Musek.