Treffe vun den Anciens vum Club des Jeunes Réimech

Viru kuerzem huet sech eng Partie vun der aler Equipe vum fréiere Club des Jeunes vu Réimech am Scoutschalet getraff. No méintlaange Virbereedungen huet et du geklappt, vir en Deel vun de fréiere Memberen erëmzefannen. Leider war et net méiglech se all zesummen ze kréien. No deem flotten Owend, wou gutt Erënnerungen an och e säfteg Fierkel vum Carlo op den Dësch komm sinn, ass et net auszeschléissen, dass en nächst Treffen an absehbarer Zäit stattfënnt. Eng immens grouss Éier war et, déi deemoleg Wierten aus dem Stammbistro Yachting, d'Claire an den Erny derbäi gehat ze hunn.