100 Joer Rippweiler Grott goufe gefeiert


Akademisch Sitzung an der Kierch vu Rippweiler

Rippweiler: D’Kierch vu Rippweiler war gut gefëllt mat de Leit aus dem Duerf, aus der Gemeng an och vu ronderëm. Mat groussem Interessi wollten sie un der akademischer Sitzung mam uschléissenden Film vun der Rippweiler Grott deelhuelen, déi schon iwert 100 Joer mat vill Léiwt gepflegt, zu Rippweiler steet. A sengem Historik ass den Raymond Feinen, president vun den Oeuvres paroissiales Rippweiler op d’Enstehung vun deser schéiner Lourdes- Grott, agaangen. De Péitchen Theis vu Rippweiler hat am Joer 1921 e Juegdonfall, wou hien säi Been verluer huet an doduerch net méi bei d’Grott op Lourdes konnt pilgeren. Sou huet hien beschloss wann hien nees gesond géif gin, selwer eng Grott zu Rippweiler opzerichten. Si gouf du geplangt, an de Bau ass am Februar 1923 ugaang a konnt am Mee afgeschloss gin an ass och de 24. Mee 1923 no der Houmass, wou d’Leit dohinner gepilgert sin, vum Dechen Drees vun Osper ageweiht gin. Gläich am Joer 1924 ass duerch e schéine Geste vum pensionnéierten Schoulmeeschter Michel Frank a senger Famill de Calvaire opgeriicht gin, den dunn op Päischtméindig vum Paschtouer Nilles ageweiht gouf. No dem Dout vum Péitchen Theis heuet Catherine Theis di schéi Grott ënnerhaal, mee am Joer 1966 huet si beschloss d‘Grott de Leit vu Rippweiler ze schenken. D’Oeuvres paroissiales vu Rippweiler sin dunn vir desen Zweck den 5. Abrël 1966 gegrënnt gin, den 6. Abrël zu Réiden engregistréiert an de 16. Abrël zu Dikrich beim Tribunal d’arrondissement déposéiert gin. Éischte President war den Paschouer Théo Weirig mam Sekretär Nicolas Wagner an dem Eugène Schmit als Keessier. De Veräin huet 21 Memberen gezielt. Ab dem Joer 1968 ass d’Grott dun vun der neier Oeuvres Paroissiales Rippweiler restauréiert an ënnerhaal gin. Am Laaf vun deser Zäit hun bis op d’Liichterprozzessioun d’Aktivitéiten ronderëm d’Grott sech reduzéiert. Am Joer 1992 ass en neie Comité zesumme gestallt gin, den dunn d’Verwaltung vun der Grott bis haut erëm opgeholl huet. No sengen Mercien un all déi di mat fläissigen Hänn sech fir d’Blummen an d’Allentoure këmmeren war et och de Merci un d’Gemeng fir hier generéis Ënnerstëtzung. No der Presentatioun vum Film, den vum Marianne Harpes am Detail ënnermolt gin ass huet hat dem Filmproduzent Nizar al Ravi mat senger Madame fir sengt professionellt Schaffen och e säin grousse Merci ausgedrëckt. Och der Madame Marie- Thérèse Harpes- Molitor déi sech finanziell un d’Käschten vum Film bedeeligt huet, e grousse Merci. No de Wierder vum Pater Jean- Jacques Flammang an dem Buergermeeschter Pollo Bodem, huet dess Feier am Festsall zu Rippweiler säin würdigen Ofschloss fond. Bleiwt ze erwähnen, dat dess schéi Feier vum Red Sax Ensemble och musikalisch verschéinert gouf. (CR) Fotoen : Charles Reiser)