Journée du Grand Âge bei de "Frënn vum 3. Alter Réiserbann"

De 16. Oktober hunn d'Frënn vum 3. Alter Réiserbann neess, wéi all Joer, d'Journée du Grand Âge gefeiert. Iwwer 100 Leit waren der Invitatioun nokomm an hunn zesummen am Festsall zu Réiser e puer flott Stonne verbruecht. No engem wonnerbare kalen a waarme Buffet goufen d'Jubilaren fir hier 75, 80, 85, 90 Joer an driwwer eraus mat engem Kado geéiert. Op déi schmasseg Musek vum Jeannot Conter gouf och gedanzt, wat deenen eelere Leit vill Freed gemaach huet. No der Zéiung von där schéiner Tombola sinn d'Leit frou an zefridden heem gaang.

Weitere Neuigkeiten von Suzette Dostert-Wagener >