"Sangen ouni Grenzen" am Réiserbann

Sonndes de 25. September hat d’Chorale Ste Cécile Réiser-Krautem e flotte Concert am Festsall zu Réiser organiséiert ënnert dem Motto „Sangen ouni Grenzen“. Trotz herrlechem Wieder hate ganz vill Leit de Wee deen Nomëtteg an de Festsall fond a si sinn och net enttäuscht ginn.
No enger klenger Usprooch vum President Marcel Dostert huet d’Chorale Réiser-Krautem mat e puer flotter Lidder den Ufank gemaach. D’Dirigentin Marguerite-Thomé-Schmit huet d’Sänger gekonnt geleet an de Pianist Marc Loewen huet fir eng gutt Begleedung gesuergt.
No enger Paus, während där d’Spectateuren an och d’Sänger sech konnte beim Comptoir erfrëschen, huet de BEDA-Frauenchor aus Bitburg sech presentéiert. Och si stoungen ënnert der Direktioun vun der Mme Marguerite Thomé-Schmit a goufen och vum Här Marc Loewen um Piano begleet. D’Sängerinne vum Fraekouer woussten duerch hiert Kënnen ze iwwerzeegen.
Als leschte Chouer ass d’Chorale AMATYS vu Yutz opgetratt. Dëse Chouer vun der «Ecole municipale de musique de la ville de Yutz» stoung ënnert der Leedung vun hirem Chef, dem Här Willy Fontanel. D’Sänger goufen um Piano begleet vun der Mme Leslie Kaci a fir d’Perkussioun war d’Mme Colette Nierengarten zoustänneg. D’Chorale AMATYS hat e ganz spezielle Programm zesummegestallt, e.a. mat Lidder aus Afrika, Australien, asw. De Publikum war begeeschtert.
Zum Schluss hunn déi dräi Chorallen zesummen d’Europa-Hymne gesongen an et war impressionnant fir deenen ca 100 Sänger nozelauschteren. D’Leit aus dem Publikum hunn d’Leeschtung vun de Sänger mat engem freneteschen Applaus begeeschtert unerkannt.