CIPA- Blannenheem Gebuertsdagsfeier fir 50 Jubilaren


Rollingen/Miersch: Mat 98 Joer war et di eelst a mat 62 Joer di jëngst Bewunnerin am CIPA- Blannenheem, déi ënnert denen 50 Jubilaren waren, fir die traditionell Geburtsdagsfeier Mëtt Oktober mat vill Freed können ze genéissen. Ufanks der Feier huet d’Christiane Haubrich allen Geburtsdagskanner am Numm vun der Gemeng Miersch di allerbäscht Gléckwënsch iwerbruecht a jidderengem fir Zukunft Freed a Gesondheet op dem weidere Liewenswee matgin. Duerno war et eng besonnesch Éier fir d’Madame Carole Theisen als nei Direktorin vum Haus, d’Bewunner fir di éischte Kéier an hirem neien Amt zu hirem Gebuerstdag häerzlich ze gratuléiren an zesummen mam Team vu „ReAktiv“ all Jubilaren mat enger Rous ze éieren. Zesummen als d’Glas erhuewe gin an mat engem kräftigen Happy Birthday, begleed, vum Entertainer Jeannot Conter, gefeiert gin. Natirlich huet de grousse Geburtsdagskuch mat enger Taass Kaffi jiderengem och gut geschmaacht. A gemitlicher Atmosphäre bei flotter Musik huet dess Feier hiren würdigen Ofschloss fond. D’Jubilaren waren: Anna Beltramini- Dentesano (91 Joer); Henri Jean Betz (87); Viviane Bisenius- Tossing (70); Maria Blasen-Baudry (94); Henriette Bollig- Scheeck (87); Catherine Brochmann (90); Germaine Buttel- Zimmer (94); Henriette Cloos- Fett (98); Ernest Conter (94); Léon Cordier (78); Pierre Crasset (86); Margot Dairomont- Kies (88); Claudette Elsen- Betz (69); Camille Gaasch (90); Marie Hélène Gengler- Eischen (85); Fernand Harsch (94); Marie Hemmerling -Ahlen (96), Liliane Hendriks- Kimmes (82); Josée Hintgen- Kugner (90); Rose Marie Holzmacher-Schüber (88); Anna Maria Huberty- Koep (90); Léandre Kaufmann (88); Georgette Kieffer- Tordy (91); Rose Marie Kollwelter- Bley (81); Robert Lenners (84); Lucie Maas- Goergen (93); Thérèse Massard (81); Cornelia Memelink- Wilbrink (90); Mariette Mootz- Rodesch (83); Yvonne Muller- Ringlet (85); Maria- Luise Olsem- Thomas (82); Guitty Ottelé- Decker (84); Roger Petry (84); Alice Poiré- Diederich (85); Marcel Reding (85); Marie Reiter- Biewer (96); Jeanne Rollinger- Franck (86); Wilma Sabbatini (89); Jacqueline Marie Sahl (83); Marguerite Schaltz (62); Alphonse Schmit (73); Madeleine Schmit- Hemes (92); Jeanne Schmit- Reuter (94); Maria Spiewak- Maurer (86); Egon Theis (98); Amélie Theisen (93); Joseph Waxweiler (81); Marianne Weber- Meyers (79); Yvonne Wiesener- Delcourt (97) an Jean- Pierre Witry (92). (CR ) ( Foto: Charles Reiser)