Feierstonn fir 35 Jubilaren am Cipa- Blannenheem


Rolleng/Miersch: Nit manner wéi 35 Gebuertsdagskanner, déi am Oktober, November an Dezember am Cipa- Blannenheem engt neit Liewensjoer konnten feieren, haaten d‘Éier bei der éischter gemeinsamer Jubilerenéirung am neie Joer, derbéi ze sin. Gläich am Ufank war et fir d’Carole Theisen, Direktrice vum Haus an a Präsenz vum Generaldirekter Thierry Lutgen eng ganz besonnësch Freed fir de Jubilaren fir d‘éischt engt gesond a zefriddend neit Joer ze wënschen an derzou hinnen alleguerten zu hirem Gebuertsdag och nach mat enger schéiner Rous aus den Hänn vum Team „ReAktiv“ ganz häerzlich ze gratuléieren. Gratulatiounen denen d’Joëlle Feller Wilmes an den Heng Krier sech um Numm vun der Gemeng Miersch sech och ganz gaeren ugeschloss hun. Noodems dat d’Joëlle Feller an den Heng Krier di verschidde Projeten an der Mierscher Gemeng, déi och de Senioren zegut kommen waerten, erklärt hun, ass d’Glas mat engem kräftigen „Happy Birthday“ zesummen erhuewe gin. Fir di musikalisch Stëmmung am Sall huet d’Annie Saulier op hirem Piano mat bekannten Lidder och bäschtens gesuergt. Natirlich huet de grousse Gebuertsdagskuch bei enger gudder Taass Kaffi och héi nit gefeelt. A gemittlicher Atmosphäre huet dess schéi Feier no e puer Stonnen hiren würdigen Ofschloss fond. D’Jubilaren vum Mount Oktober: Marguerite Theis- Kollwelter (85 Joer); Anne Klein-Weber (94); Marie Kneip- Molitor (94); Jean- Pierre Bariviera (83); Estelle Berrend- Vinandy (92); Brigida Di Cato- Maier (96); Marguerite Thillmany- Wiesen (90); Marie- Louise Betz- Airoldi (85); Roger Bolmer- Hoffelt (96); Suzanne Lang- Stoltz (82); Fernande Becker- Kerger (92) an Jean Mootz (88). Mount November: Marie- Thérèse Heck (79); Nicolas Gilson (84); Josephine Prickaerts- Acampo (95); Marie- Louise Schummer- Clesen (87); Marie- Barbe Dahm- Kass (81); Antoinette Filbig- Gerekens (83); Josette Daro- Altwies (87); Nelly Schaack- Gengler (89); Georges Maes (68); Marie- Thérèse Hansen- Schneider (83) an Marie- Zitta Sachsen (81). Mount Dezember: Victorine Grisius- Weis (91); Jean- Jacques Molitor (63); Hélène Kroemmer- Schumann (87); Joseph Unsen (81); Josephine Robinet- Schmitz (82); Aldegonda Wooning-Köpp (86); Marie- Josée Hack 888); Huguette Kohlwelter (90); François Lauer (94); René Britz (91); Hermelinda Garcia-Conzalez (89) an Renée Conter-Kunsch (96). (CR ) Foto: Charles Reiser)