Happy Birthday fir 44 CIPA- Blannenheem Jubilaren


Rollingen/Miersch: Fir dest Joer, war et Ufank Abrël no enger laangweiliger Zäit vu Pandemie nees di éischt gemeinsam Geburtsdagsfeier fir d’Matbewunner a Leit aus der Résidence vum CIPA- Blannenheem. Am fëstlich gerëschtem Saal huet den Generaldirekter Christian Erang zesummen mam Generaldirekter- adjoint Thierry Lutgen a Responsabelen vu ReAktiv, allen 44 Geburtsdagskanner vun de Méint Januar- Februar a Mäerz am Numm vun der Direktioun häerzlich gratuléiert a jidderëngem weiderhin dat Allerbëscht a vir un allem, eng stabil Gesondheet gewënscht. Gratulatiounen denen sech d‘Joëlle Feller- Wilmes an den Heng Krier am Numm vun der Gemeng Miersch och gaeren ugeschloss hun. Den Optrëtt mat bekannte Lidder an engem Happy Birthday vun der hauseegener Chorale Do-Re- Mi an der musikalischer Begleedung vum Jean Mootz hun si fir di richtig Gebuertdagsstëmmung am Haus och bäschtens gesuergt. Bei engem gudde Glas Crémant mat engem Stéck vum grousse Kuch a Kaffi, ass a gudder Atmosphär mam Entertainer Jeannot Conter zesumme gefeiert gin. Mat enger Rous ass folgend Jubilaren gratuléiert gin: Elise Hoffmann- Meisch (91 Joer), Suzanne Biermann- Karpen (97), Nicole Dubost- Fouchet (76), Catherine Junker-Majerus (92), Georges Klepper (56), Yvonne Ottelé- Maquil (77), François Eyschen (80), Anne Bachert- Kirsch (77), Marie- Josée Bofferding- Lommel (89), Hentika Delahaye- Kikken (96), Henri Matgen (82), Malou Greiveldinger- Eiffels (78), Marguerite Beelener- Franck (92), Paul Bofferding (86), Alfred Serres (78), Liette Heirens- Reisch (71), Raymond Kirsch (92), Marianne Klosen (77), Diane Bintz- Vleeschauwer (91), Gabrielle Mortelmans- Wiltgen (91), Lucien Hess (90), Anita Wagner (67), Edelgarde Monti- Wehr (90), Marie Monville- Stillen (87), Katarina Recktenwald- Bastuck (91), Gertrude Engeldinger- Muhlen (99), Liette Calteux (62), Marie Schwachtgen- Betz (90), Marie Seil (64), Lucie Bisenius- Wagner (91), Milly Losch- Berté (78), Ferdinand Zehren (81), Fernande Remackel- Reuland (86), Norbert Hentges (73), Yvonne Bley- Schlim (91), Domingos Oliveira De Sousa (68), Josée Theis- Hubert (95), Marie Petry- Kremer (90), Eugénie Reuland-Steffes (90), Patrick Hurst (41), Joseph Zenner (87), Nadiane Kieffer- Dunz (86) an Gilles Schanen (64). All di Geburtsdagskanner di bei deser Feier nit konnten derbéi sin, ass och häerzlich gratuléiert gin. (CR ) (Foto: Charles Reiser)