Jubiläumsconcert mat enger Kreatioun

75 Joer Harmonie Rollengergronn

A Presenz vun en etleche Perséinlechkeeten, dorënner hiren Éierepresident Jacques Santer an d’Éierepresidentin vum Organisatiounscomité, Lydie Polfer, huet d’Harmonie Rollengergronn am Cercle an der Stad hire 75. Anniversaire mat engem Jubiläumsconcert ënnert der Direktioun vum Ivan Boumans gefeiert.

Fir dës Geleeënheet hat d’Harmonie Rollengergronn och een neit Wierk bestallt - „Sounds of Jubilee“ vum Georges Sadeler, dat deen Owend mat groussem Succès uropgefouert gouf. Um Programm stoungen och nach d’Ouverture „Candide“ vum Leonard Bernstein, „Breezin’ down Broadway“ vum Goff Richards, „Music“ vum John Miles an „La Mer“ vum Charles Trenet - e Programm, deen de Jubiläum an d’Geschicht vun der Harmonie erëmspigelt.

Déi nächst Manifestatiounen am Kader vum 75. Anniversaire sinn eng Fotosausstellung mat Journée des anciens vum 14. bis 16. Mee 2022 an e Weekend Musical mat Rallye, den 9. an 10. Juli 2022. http://www.harmonie-rollingergrund.lu