Promenaden am Bambesch

Am Bambesch huet de Reen vill Schued gemaacht. Dat ass am Verglach zu anere Problemer uechter d'Welt natiirlech kaum derwäert dovun ze schwätzen. Ma fir déi puer Leit déi do spazéieren oder jogge ginn ass et guer net kamoud fir z.B. vun de Siwebueren op d'Reckendaller Kopp ze goen. An d'Léisung hei ass einfach: Op all 10 Meter soll e klenge Gruew sinn fir d'Waasser säitlech aus dem Wee ze huelen. An déi Griew, déi et deels scho gëtt, missten dann awer och regelméisseg gebotzt ginn.