„Mir musse fort!“ - Evakuatioun aus dem No Man’s Land

Am Kader vu „70 Joer duerno – de Kanton Iechternach erënnert sech“ war e Sonndeg de 15. Mäerz zu Hierber, d‘Ouverture vun enger Ausstellung iwwer d'Befreiung duerch d’Amerikaner, d'Ardennenoffensiv an d'Evakuatioun vun den Dierfer aus de Gemenge Mompech a Rouspert.
A Präsenz vun de Ministere Carole Dieschbourg an Nicolas Schmit, den Deputéierte Françoise Hetto-Gaasch a Léon Gloden, a vun de Vertrieder vu ville Gemengen aus der Regioun, war eng Gedenkfeier fir d‘Affer vum 2. Weltkrich. No ergräifende Wierder vum Här Paschtouer Luc Schreiner hunn d’Buergermeeschtere Jos Schoellen a Romain Osweiler eng Gerbe bäim Monument vun de gefalene Jongen néiergeluecht.
Mat Päerd a vollgepaaktem Leederwon hu lokal Duersteller eng Evakuatiounszeen nogestallt. Uschléissend goung et ënnert de Kläng vum Feierwon, gespillt vun der Burer an der Hierber Musik, an engem grousse Cortège an d’Hierber Scheier.
No enger Usprooch vum Buergermeeschter Jos Schoellen, huet den Här Erny Kohn, President vum „Cercle d’Études de la Bataille des Ardennes“ (CEBA), d’Leit mat engem Réckbléck op d'Evenementer vun 1944/45 an déi batter Zäit vu viru 70 Joer zeréckversat. De Minister Nicolas Schmit huet passend Wierder un d’Bierger geriicht, ier d’Ausstellung offiziell opgemaach gouf.
Dëse Projet gouf vun de Geschichtsfrënn vu Rouspert a Mompech an Zesummenaarbecht mam CEBA organiséiert a realiséiert.
Wat ass No-Man’s-Land? Wat hunn d’Leit gemaach, wéi se hu misse fortgoen? Wat hu se matgeholl? Wéi a wou sinn se duerno ënnerdaach komm? Wéi en Ubléck huet sech hinne gebueden, wéi se no sechs laange Méint an hier Heemechtsdierfer zeréckgelooss gi sinn? Wéi vill Doudeger waren ze bekloen?
D’Äntwert op dës an op vill aner Froe fënnt een an der Ausstellung an der Hierber Scheier, déi nach samschdes a sonndes den 28./29. Mäerz an 11./12. Abrëll, jeeweils nomëttes vu 14:00 - 17:00 Auer, op ass.
E grousse Merci un d’Awunner, déi Krichsmaterial, Biller, Fotoen, Handwierksgeschir an Dokumenter aus där Zäit zur Verfügung gestallt hunn.