Den Handarbechtstreff aus dem Club Senior Haus an de Sauerwisen huet gespent.

Wéi och d`läscht Joer huet déi fläisseg Equipe vum Handarbechtstreff aus dem Club Senior „Haus an de Sauerwisen“ vu Rëmeleng hir Handaarbechte fir de gudden Zweck gespent.
Déi sëlleg Decken a Mutzen, Schalen , Händsche sinn un d` Associatioun "Amis de la Communauté Catholique de Bonnevoie (ACCB)" gaangen. D`Sozialequipe vun der ACCB ënnerstëtzt sozial schwaach Mënschen a Mënschen ouni Wunneng. Och konnten si ee Check vun 1281€ aus dem Erléis vu Verkaafte vun Handaarbechten iwwerreechen.
D`Damme vum Handarbechtstreff wäerte fläisseg weider strécken an heekelen, fir Associatioun ze ënnerstëtzen. Den Handarbechtstreff trëfft sech ëmmer Mëttwochs vu 14.30 bis 17 Auer am Club Senior zu Rëmeleng.