Strecken a heekele fir e gudden Zweck

Déi fläisseg Handarbeschtstreff Ekipp aus dem Club Senior "An de Sauerwisen" vu Remleng hunn nees gespent. Sëlleg Decken, Mutzen, Schalen an Händsche sinn un d'Associatioun "Amis de la Communauté Catholique de Bonnevoie" (ACCB) gaangen. De But vun dëser Associatioun ass et, de Léit ouni Wunneng ze hëllefen a Persoune mat soziale Schwieregkeeten ze orientéieren. Ausserdeem, hunn eis Damen aus dem Handarbeschtstreff 1100€ un der Associatioun ACCB gespent andeems sie hier Handaarbechte verkaf hunn. D’Ekipp huet zousätzlech nei Rucksäck an nei Schlofsäck fir d’Associatioun kaf.

Et gëtt keng Paus gemaach, eis Damen schaffe scho fläisseg un hir nei Projeten, fir d'Associatioun weiderhin ze ënnerstëtzen. Den Handarbeschtstreff trefft sech all Mëttwoch vu 14h00 bis 17h00 am Club Haus an de Sauerwisen zu Remleng. D’Handaarbecht Ekipp freet sech ëmmer nees nei Gesichter ze gesinn.