4 450 Euro vum Sëller Chrëschtmaart un de Club Soroptimist Mosaik iwergin



Sëll: Méi wi zefridden waren d’Memberen vum Sëller Schëffen- a Gemengerôt, déi op e groussen Erfolleg vun hirem Chrëschtmaart konnten zerëck kucken. Esou war et fir de Buergermeeschter Jang Konsbruck viru kuurzem am Kader vun enger Feierstonn am Festsall zu Sëll, eng besonnësch Freed alle Leit , Awunner, Matarbechter a Benevolen fir hirt d’Kommen a Schaffen bei enger gudder Zesummenarbecht vun deser éischter Ausgab am Dezember dat läscht Joer, séin oprichtige Merci auszespriechen. Dank dem groussen Erfolleg vun desem Chrëschtmaart an der Gemeng den Erléis vun 4 450 Euro engt Resultat ass, dat sech bestëmmt weise léist an jiddereen houffrig an zefridden kann drop sin. Mat engem oprichtige Merci huet d’Presidentin Rose Dax- Wolter mat hirem Team am Numm vum Club Soroptimist Mosaik Kanton Réiden, de Scheck gaeren entgéint geholl an Zil vun hirer Verenegung, déi zënter September 1999 besteet, och kuurz erklärt. Soroptimist international, ass déi weltwéit gréissten Organisatioun vun berufstätigen Fraen déi sech benevol a gesellschaftspolitisch fir Menscherechter, Ëmwelt, Bildung a Gesondheet vu Kanner, Jugendlicher a Fraen engagéiert, wou dess Spend och wirkungsvoll fir dess Zwecker agesaat gin. E gemeinsame Patt huet dess Scheckiwerreechung zu Sëll och würdig, ofgeschloss. (CR) (Foto: Charles Reiser)