Club Soroptimist Mosaïk ënnerstëtzt den Centre Hospitalier am Senegal


Scheck vun 4 000 Euro iwerreecht

Sëll: Vu, dass et den Objektif vun den Soroptimisten ass, fir de Fraen an de Kanner héi am Land souwi och am Ausland bäizestoen, waat ënner aanerem d’Gesondheet an d’Bildung ubelaangt, hunn Soroptimisten vum Club Mosaïk Kanton Réiden sech derzou entschloss, fir en Deel vun hire Recetten vum lëschte Joer weider ze leeden. Am Kader vun enger Feierstonn am Haaptsëtz zu Sëll gouf de Scheck vun 4 000 Euro zesummen mat hirer Presidentin Rose Dax un Directrice vun der „Chaîne de l’Espoir“, Dany De Muyser, iwerreecht. Dess Suen verbonnen mat engem ganz grousse Merci, droen derzou bäi fir de Centre Hospitalier Albert Royer am Senegal nei op- an anzeriichten. An der Klinik gin haaptsächlich Kanner intensiv behandelt. (CR) (Foto: Charel Reiser)