Club Soroptimist Mosaik ënnerstëtzt Youth & Work


Sëll: Ziel vum Soroptimismus weltweit ass ënner anerem fir all Mënsch ze förderen an méi speziell d’Promotioun vun der Frau ze favoriséieren. Duerch hir Aktivitéiten uechter d’Joer versichen d’Memberen vum Club Soroptimist Mosaik Kanton Réiden hiren Beitrag duerzou och ze leeschten. Am Kader vun enger Feierstonn am Haaptsëtz zu Sëll gouf de Scheck vun 3 500 Euro zesummen mat hirer Presidentin Rose Dax un d’Vereenegung Youth & Work iwergin, déi duerch d’Ariane Toepfer an d‘Paule Pletgen vertruede war. No hirem grousse Merci fir de schéine Geste hun si d’Projets vun Youth & Work kurz virgestallt, fir Jonker ze hëllefen déi an enger schwieriger Phase sinn, de Wee erëm zrëck an d’Schoul oder och eng Arbecht ze fannen. (CR ) (Foto. Charles Reiser)