D'Sëller Musek huet begeeschtert - Galaconcert bei vollem Haus

Sëll: Méi wi zefridden war den President vun der Sëller Musek, Jean- Paul Frank, dat seng Musek mam Jugendensemble endlich no zwee Joer Paus, an der schéiner Sportshaal zu Sëll, den villen Musikferventen an Éieregäscht e Galalaconcert konnt offeréieren. Gläich beim Optakt vum Owend huet de Jugendensemble mat „the Prayer“, „l´ll be there“ an „Hello“ hiert musikalischt Talent och bäschtens bewissen , esou dat sie niewt weider gefuerdeten Zugaben nit derlanscht komm sin. Dat di vill Prouwen nit emsoss waren, duefir hat den Dirigent Laurent Peters och gesuergt, wi d’Moderatorin vum Owend, Anne Muller, ugekënnegt huet e flotten an ofwiesslungsräichen Programm zesumme gesaat. Am éischten Deel koum: „Arnhem“ vum A.E. Kelly, „Scotland „, e Potpourri aus schottischen Vollekslidder, „Mount Everest“ vum Rossano Galante an „Back to the Future“ arrangéiert vum Frank Bernaerts, zur Opféierung. No der Paus gong et virun mat „Slavia“ vum Jan Van der Roost, „ Polar Express“ arrangéiert vum Jirka Kadlec, „Street Tango“ arrangéiert vum Robert Longfield , „Mission to Mars“ vum Filip Ceunen an „Go West vum Ralph Ford. No de Wieder vu Merci vum President Jean- Paul Frank, un all Musikanten mam Jugendensemble an hirem dynamischen Dirigent Laurent Peters an un all Zuhörer a Sponsoren, huet desen flotten Galaconcert 2022 vun der Sëller Musek, no dene gefuerderten Zugaben hiren würdigen Ofschloss fond. (CR) (Foto: Charles Reiser)