Fraen a Mammen Gemeng Sëll spenden 6 000 Euro- a sichen nei Presidentin .


Saeul: Säit hirer Grënnung am Januar 1987, sinn d‘„Fraen a Mammen aus der Gemeng Sëll“ rächt aktiv a gehéieren elo schonn säit 35 Joren zum feste Bestanddeel vum Duerfliewen an der Gemeng Sëll. Datt si all vun der Pandemie, an dat wärend ronn zwee Joer och nitt verschount bliwwe sinn, dat huet d‘Éierepresidentin Eliette Steffen-Antony no hire Wëllkommsgréiss a Wieder vu Merci kengem konnt virenthalen. Dobäi huet di laangjäreg Presidentin Fadila Cizeron-Guedra aus Gesondheetsgrënn leider hiert Amt un der Spëtzt vum Veräin och nach opginn. Als Merci fir hir Aarbecht Kont si e schéine Bouquet Blummen entgéinthuelen. Laut dem Aktivitéitsbericht vun der Sekretärin Martine Ensch-Even konnt leider ausser dem traditionellen Adventsbasar näischt organiséiert ginn. Um Programm fir 2022 ass de Basar mol fir d’Enn vum Joer virgesinn. Op eng stabil Finanzlag huet d‘Caissière Eliette Steffen higewisen an och betount, datt d‘Fraen a Mammen aus der Gemeng Sëll säit Bestoen, di schéin Zomm vun ëmmerhin 181.536 Euro fir gutt Zwecker gespent hunn. De Veräin zielt zur Zäit 24 Memberen. Am Numm vun der Gemengeverwaltung huet sech de Buergermeeschter Jang Konsbrück ganz beandrockt gewisen iwwert d’Engagement vun der relativ klenger awer ganz aktiver ACFL-Sektioun déi dobäi säit Joren ganz vill geschafft huet, fir gutt Wierker ze ënnerstëtzen. E besonnesche Merci war di gutt Hëllef bei der Sammelaktioun fir d‘Ukraine déi e ganz groussen Erfolleg kannt huet. Mat der Hoffnung op besser Zäiten an op weiderhi vill Erfolleg an Zukunft konnten d’Fraen a Mammen aus der Gemeng Sëll mat Stolz gläich zwéi Schecken vu jee 3 000 Euro virweisen, déi engersäits un d’Lëtzebuerger Rout Kräiz solle goen fir d‘ Ukainesch Flüchtlingen hei am Land an anerersäits fir d‘Rout Kräiz Hëllef an der Ukraine geduecht sinn. De Virstand setzt sech zesummen aus: Eliette Steffen-Antony (Éierepresidentin a Caissière); Martine Ensch-Even (Sekretärin). weider Membere sinn: Fadila Cizeron-Guedra, Milly Birkel, Suzette Faber-Weisgerber, Annette Heusbourg-Conter an Danielle Schmit-Faber. Als Caisserevisoren fungéieren: Milly Birkel a Suzette Faber- Weisgerber. (CR ) (Foto: Charles Reiser)