Mam Vëlo on Tour duerch d'Gemeng Sëll


Sëll: Och dëst Joer huet d’Gemeng Sëll als klengste Gemeng am Kanton, am Kader vun der Mobilitéitswoch am Kanton Réiden rëm beim Tour du Duerf matgemeet. Beim Start op der Plaatz virun der Kierch , konnt d‘Caroline Schmit als Koordinatorin eng Reih vun begeeschterten Vëlosfrënn begréissen an hinnen och de Parcours vu ronn 22 Kilometer, den och fir all Typen vu Vëloen geeegnet ass, kuurz virzestellen. Dobéi huet hat och drop opmierksam gemeet, fir di gefuere Kilometer opzeschréiwen, fir herno bei engem oder aaneren vun de villen offréierten Präisser zum Schluss vun der Aktioun können derbéi ze sin. Natirlich huet jidderreen nom Tour du Duerf sech de Patt am Festsaal och gut schmaache geloos. (CR) (Foto: Charles Reiser)