Opléisung vun de Fraen a Mammen aus der Gemeng Sëll



15 000 Euro fir gudd Zwecker weidergin

Sëll: Am Januar 1987 sin d’Fraen a Mammen aus der Par gegrënnt gin an no 36 Joer huet de Veräin, den bis haut ënnert dem Numm „Fraen a Mammen Gemeng Sëll“ aktiv war, bedingt duerch Nowuesproblemer, sech leider missen opléiesen. No hiren Wieder vu Wëllkomm a Merci vun der Éierepresidentin Eliette Steffen- Antony, ass och am Laaf vun der Generalversammlung un di dräi läscht verstuerwen Memberen aus dem Veräin geduecht gin. An hirem uschléissenden Rëckblëck gouf op di zahlräich Aktivitéiten vun de Fraen a Mammen aus der Gemeng Sëll wärend denen 36 Joer higewissen, wou och nit manner wi 199.536 Euro fir gudd Zwecker konnten iwerreecht gin. Nodeems dat d’Sekretärin Martine Ensch- Even di verschidden Manifestatiounen vum Joer 2022 am Detail erklärt huet, ass di positiv Finanzlag vun der ACFL- Sektioun erviergehuewe gin. Als ganz exakt huet d’Kasserevisorin Milly Birkel déi zesummen mam Suzette Faber- Weisgerber d’Buchführung vun der Keessière Eliette Steffen kontrolléiert hun, bestätigt. Beim Punkt 6 vun der Tagesordnung : Opléisung vum Veräin duerch Ofstëmmen, wou di néidig zwéin Drëttel vun de Memberen nit present waren ass direkt am Uschloss vun der ausseruerdentlicher Generalversammlung ofgestëmmt gin wou dann all uwiesend Memberen a Virstandsmitlieder unisono derfier waren, fir d‘Fraen a Mammen aus der Gemeng Sëll direkt opzeléisen. Mat der Iwerreechung vun engem klenge Kado ass d’Éierepresidentin Eliette Steffen an Sekretärin Martine Ensch fir hir wertvoll Aarbecht an all denen Joeren, belount gin. Am Numm vun der Gemengeverwaltung huet de Buergermeeschter Jang Konsbrück op di lang Traditioun vun de Fraen a Mammen Gemeng Sëll higewissen, déi zum festen Bestanddeel an der Gemeng wärend vill Joeren gehéiert hun. Leider huet de ganz aktiven Veräin, den och mam Problem Benevolat ze kämpfen hat, missen opgin. Wieder denen sech di zwéin Schäffen Edmond Gengler an Jean- Paul Mousel dese Wieder ugeschloss an dat ganzt gut Schaffen vun de Fraen bei all denen verschidden Manifestatioun an de Viedergrond gestallt hun. Zum Schluss vun der Generalversammlung koum et zu enger dräifachen Scheckiwerreechung am Gesamtwert vun 15 000 Euro. Als Member vum Direktiounskomitee konnte d’Lydie Diederich e Scheck vun 5 000 Euro, den der Vereennegung „Alzheimer“ ze gut könnt, an Empfang huelen. E weidere Scheck vun 5 000 Euro den fir „Médecins du monde“ bestëmmt ass, huet d’Yolande Wagner gaeren ugeholl. An den drëtte Scheck vun 5 000 Euro huet d’Caroline Theves mat Freed entgéintgeholl, den der „Caritas Lëtzebuerg“ zegut könnt. Nodeems dat di verschidden Scheckempfänger hir jeweilig Vereenegungen, verbonnen mat engem grousse Merci am Detail erklärt hun, huet di läscht Generalversammlung vun de“ Fraen a Mammen Gemeng Sell“ hiren würdigen Ofschloss fond. (CR) (Foto: Charles Reiser)