Personalfeier bei der Gemeng Sëll


Sëll: E Banquet um Ënn vum Joer als Merci fir Alles wat am Laaf vum Joer 2023 an och virdrun an der Gemeng Sëll geleescht gouf, konnt och viru kuurzem och a gudder Ambiance zesummen ofgehaale gin. A senger Laudatio ass de Buergermeeschter Gérard Zoller no senge Wierder vu Wëllkomm a Merci op d’Leitmotiv vum neien Gemengerot agaangen, dat vun Communikatioun, Participitatioun an Ecologie fir Zukunft geprägt ass. Jidderreen soll an senger deeglicher Arbicht probéieren an och drun denken, fir och déi Ideen ëmzesëtzen. Och d’Solidaritéit an alle Situatiounen ass e wichtigt Wuert wou e muss vis-à- vis vun de clienten wéi ee Bloc do stouen. No der Virstellung vun denen nei agestallten Matarbichter Laurie Beckius, Céline Heintz, Steve Jam, Robin Lentz, Julie Manternach, Kim Mohnen, Coralie Poiré, Tim Schommer, Ariane Tissot, Anouk Wies a Lena Wolff koum et uschléissend zur Abschiedsfeier vum John Kaufmann, den 1985 op Sëll komm ass an bei denen virläschte Gemengewalen prompt gewielt gin ass an sech intensiv fir d’Ëmwelt niewt onentgeltlichen Servicer agesaat huet. Elo wou de John nit méi dem Gemengerot ugehéiert, awer nach am Asaatz vun der Emweltkomissioun bléiwt, war de Kado niewt enger Corbeille de Merci fir sengt Engagement an all dene Joeren. Leider huet hien wéinst aaner Verpflichtungen dess Feier hu missen fréihzäitig verlossen. Als Zweet Geéierten war et un der Reih vum Edmond Gengler, den wärend 36 Joer am Dëngscht vun der Allgemengheet stoung. Am Joer 1988 fir d’éischt an de Gemengerot gewielt gin an duerno Schäffen beim Nico Schockmel an Raoul Clausse a vill Projeeën begleet, déi an den 36 Joer an der Gemeng realiséiert goufen. Niewt engem Kado an enger Corbeille als Merci a Blummen fir seng Partnerin ass den Edmond offiziell verabschied gin. Bei deser Feier war och virgesin, fir di zwéIn Éierebuergermeeschteren Nico Schockmel a Raoul Clausse och ze honoréireren. Den Nico Schockmel konnt leider nit bei desem Oweend derbéi sin, trotzdem huet den Gérard Zoller dem Nico seng politisch Karriere kuurz erzielt, den 1994 an de Gemengerot gewielt gi war an och direkt de Posten vum Schäffen beim demoligen Buergermeeschter Albert Fisch iwerholl huet. Duerno ass hien Buergermeeschter gin an dat och bei de Wahlen 2006 virugefouert huet an 2008 demissionéiert huet. Op jiddefall och dem Nico Schockmel e grousse Merci fir 18 Joer Asaatz an der Gemeng. Seng verdingten Urkund kritt hien zu engem spéideren Zäitpunkt iwerreecht. Als Läschten huet de Buergermeeschter den onermiddlichen Asaatz vum Buergermeeschter Raoul Clausse ervirhehuewen den 2006 vir d’éischt Schäffen beim Buergermeeschter Nico Schockmel war an duerno 2008 de Posten un der Spëtzt vum Sëller Gemengerot iwerholl huet. Leider ass de Raoul am Ufank vu senger zweeter Amtsperiod stéinterlich vill ze fréih verstuerwen. E Mann mat vill Engagement, den Dag a Nuecht mat Passioun fir di Sëller Gemeng geschafft huet, esou den Gérard Zoller ofschléissend. Als Unerkennung fir dem Raoul Sengt Engagement konnt seng Duechter Jo Clausse, stellvertriedent fir säi Papp di wuelverdingten Urkund a ganz geréiert mat engem groussen Merci entgéinthuelen. Och all denen engagéierten Fotografen, Michèle Scheitler, Julia Thinnes a Charel Reiser, déi bei all Geleeënheet an der Gemeng Alles an Text a Bild festhaalen ass och mat enger klenger Unerkënnung villmols Merci gesoot gin. Bei engem deftigen Menü a flotter Gesellschaft, huet dess Feier och säin würdigen Ofschloss fond. (CR) (Foto: Charles Reiser)