50 Joer Oeuvres Paroissiales Sandweiler

De 17 September 1969 sinn d‘„Oeuvres paroissiales Sandweiler“(OPS) gegrënnt ginn, mam Zil bei der Renovatioun vun der Parkierch ze hëllefen. E weidert Zil vum Veräin ass et sozial, karitativ a kulturell Projeten vun der Par ze ënnerstëtzen.

Am Joer 1984 hunn d’OPS d’Haus, 44, rue Principale zu Sandweiler, wat am Joer 1906 vum „Weber Dem“ gebaut ginn war, der Famille Schmit ofkaaft. An dësem Haus, wat elo de Porzenturm ass, war e Café mat Keelebunn. Am Ufank vun de 70er Joren ass Post dran ënnerkomm.

Nodeems d‘OPS d’Haus kaaft haten, hu verschidde Veräiner wéi Fraen a Mammen, LCGB, d’Guiden an d’Scouten esou wéi d’Massendénger, en neit Doheem fonnt. Am Rez-de- chaussé ass nees e Café entstanen an e grousse Versammlungsraum, wou reegelméisseg Fester gefeiert ginn. Am Dezember 2008 huet dunn de Buttek Cumulus seng Dieren am Porzentrum opgemaach.

An deene 50 Joer hu vill Leit sech beim Veräin engagéiert a vill Stonnen als Benevole matgeschafft. Doduerch konnten am Laf vun de Joren 164.474.- Euro u verschidden Organisatiounen gespent ginn, wéi z.B. Caritas, eng oppen Hand fir de Malawi, Scoute fir eng Welt, a vill anerer.

De 50. Gebuertdag ass mat engem gudde Gebuertdaagskuch gefeiert ginn.

Weitere Neuigkeiten von Christiane Bruns >