Ee Joer Bichereck zu Sandweiler

Et ass elo ee Joer hir, dass d’Oeuvres paroissiales vu Sandweiler hire Bichereck, niewt dem Cumulus, am Porzentrum opgemaacht hunn. Bicher, ob Romaner, Krimien oder Kannerbicher an alle Sprochen, déi net méi gebraucht ginn, kann een am Bichereck ofginn, a mir verkafen se fir de gudden Zweck. Domat konnte mer am éischte Joer 2000.-€ un Don‘en ausbezuelen. Sie sinn an Tranche vun 500.-€ un dës Associationen iwerwise gin: ZAK Zesummen Aktiv, Eng Hand fir all Kand, Médecins du Monde an Aide à l’Enfance de l’Inde et du Nepal.

Weitere Neuigkeiten von Christiane Bruns >