De Kleeschen am Himmel fonnt!

E Sonnden de Moien haten eng rëtsch Kanner d‘Chance de Kleeschen an den Himmel sichen ze goen. Zesummen mam Luxi a mam Yuppi si mer vum Findel aus gestart an hun en an der Géigend vu Spa fonnt, wou en an de Fliger geklommen as. Nees zereck um Findel huet den Housecker schons mat de Cadeauen gewart, wou dun och all Kand een kruut. Merci Kleeschen fir déi flott Aventure!