Grouss Botz zu Sandweiler 7. Abrëll 2012

Haut de moien ëm 9 Auer hat déi Sandweiler Aménagements- an Ëmweltkommissioun op hier traditionell GROUSS BOTZ invitéiert.
Vill Veräiner a Matbierger hunn sech zesummen op de Wee gemaach fir souvill wei méiglech Knascht aus de Stroossen a Weeër ze rafen.
Et wonnert een sech ëmmer rëm wat verschidde Leit einfach esou mol op d'Strooss oder an de Rampli geheien. Vun Schung bis Suckelen, Händchen iwwer grouss metalle Plaquen a villes méi ass et gaang.
Op allefall war et e groussen Erfolleg vill Leit sinn hëllefe kom,m an all dëss Leit si vun der Gemeng belount gi mat engem gudde Spaghetti's Iessen am Centre Culturel.