Dat war e Fest.
Déi nei Duerfplaz ass richteg flott genotzt ginn, fir dësen Nationalfeierdag ze liewen.
Bravo un déi, déi eis Bierger esou e flotten Owend erméiglecht hunn. Jonk an Aal ware begeeschtert an hu giess, gespillt gedanzt a gefeiert. D'Vertrieder vun eiser Gemeng waren net ze halen an hate genau esou vill Freed un dësem gelongenen Owend.
Dest war den offizielle Programm
18.15 Auer Reunioun vun de Leit a vun de Veräiner mat hire Fändelen virum Centre Culturel. Cortège bis an d Kierch.
18.30 Auer Te Deum mat Mass an der Kierch.
No der Mass, Nidderleeë vun enger Gerbe virum Monument vun de Krichsaffer.
19.15 Auer De Schäffen- a Gemengerot invitéieren all Bierger vu Sandweiler op en Éierewäin am Centre Culturel.
Usprooch vum Buergermeeschter John Breuskin.
Vun 20.00 Auer un Animatioun fir Grouss a Kleng
Barbecue
Kannerchouer Allegro
Strëpp vun der Fanfare
Live on Stage "Singers Unlimited"