Ovatioun fir Lokal - an Nationalpolitiker aus der Gemeng Suessem

D’Vertrieder vun de 4 Veräinsententen aus der Gemeng Suessem hu viru kuerzem Lokal – an Nationalpolitiker aus de 4 Sektioune vun der Gemeng gefeiert.

Eng Partie Politiker aus der Gemeng hunn nämlech an de läschten 2 Joer nei Poste krut. Et ass d’Traditioun, dass si dofir vun de Veräiner geéiert ginn. Ma duerch di laang Pandemieszäit konnt dat Alles net wéi geplangt gemaach ginn.

Viru kuerzem war et awer esou wäit!

Geéiert gouf de Georges Engel vun Zolwer, deen de Poste vum Aarbechts - a vum Sportminister iwwerholl huet, d’Myriam Cecchetti vu Suessem, déi an d’Chamber koum, d’Simone Asselborn-Bintz vu Bieles, déi virun enger Zäit als Buergermeeschtesch vun der Gemeng vereedegt gouf, genee ewéi d'Anne Logelin an den Yves Dahm vu Bieles, déi allen zwee an de lokale Gemengerot nogeréckelt sinn.

Alle 5 krute si e Kaddo iwwerreecht: jiddereen eng eege Skulptur vum Kënschtler Jhang Meis. D’Ovatioun ass vun de 4 Veräinsententë vu Bieles, Éilereng, Suessem an Zolwer organiséiert ginn – musikalesch gouf se vun engem Musekerensembel aus de 4 Museksveräiner ënnermoolt.

Weitere Neuigkeiten von Entente Suessemer Veräiner >