Suessemer Veräinsentente: bal 11.000 Euros fir d'Ukrain

Nodeem di éischt Biller vum Krich an der Ukrain iwwert eis Televisiounsecrane komm sinn, huet de President vun der Suessemer Veräinsentente - de Jean Claude Majerus - bei de Veräiner d'Iddie lancéiert, fir eng Solidaritéitsaktioun fir di betraffe Leit z'organiséieren.

Sonndes, de 6te Mäerz war eng grouss ëffentlech Aktioun virun der Suessemer Hal - mat engem Concert vun den Hot Daddies and friends. Et gouf e kille Patt a schneekeg Eisekuche verkaf.

Bei där Aktioun koumen am ganzen 10.990 Euros zesummen. Dat duerch ganz generéis Donen vun den Veräiner aus der Entente an duerch Donen vu Privatleit. Di Zomme ass awer och d'Resultat vun der Aktioun vum Sonndeg Mëtteg!

Di Responsabel vun der Entente si begeeschtert, wéi vill Leit Geld gespent hunn, well se sech vum Krich an der Ukrain betraff fillen.

Di Sue ginn elo zäitno un Organisatioune gespent, déi de Leit op der Plaz hëllefen: een Deel gouf schonn un d'Kannerhëllefswierk vun der UNO - un d'UNICEF - iwwerwisen, weider Suen ginn un d'asbl Ukraïnka. Mat de Sue vun der Suessemer Veräinsentente wäert dëser asbl den Transport vu Medikamenter an d'Ukrain finanzéiert ginn!

Weitere Neuigkeiten von Entente Suessemer Veräiner >