De Squash vu Schengen kréint seng Dammen zu nationale Meeschterinnen:

Squash Factory Schengen-Lëtzebuerg kréint seng Dammen zu nationale Meeschterinnen:


D’Dammen-Team vun der Squash Factory Schengen-Lëtzebuerg hun den Titel vun de nationale Mannschaftsmeeschterinne gewonnen an domat eng aussergewéinlech Saison gekréint, déi vun Entschlossenheet an Teamgeescht geprägt war.


Dës Victoire belount méintelang Virbereedung a weist perfekt de Solidaritéitsgeescht, deen eis Spillerinne verbënt. Géigesäiteg Loyalitéit a kollektivt Engagement waren de Schlëssel zu dësem Erfolleg.


Dës kollektiv Victoire dréit d’Handschrëft vum Saskia Beinhard, Nadia Pfister, Élise Romba, Enas Mohamed, Marie-Amélie Callebaut, Alexandra Kotkolik, Françoise Donven, Lea Recktenwald und Nelly Kellner, betreitvon ihrem Trainer Marc Thrill.


«Mir sin ausseruerdentlech stolz op eis Dammen» erklärt d’Presidentin vum Veräin, Nancy Keiser. «Dëse nationale Titel beweist d’Qualitéit vun der Aarbecht, déi vum gesamte Team an der technescher Betreiung geleescht gouf.»


Des Kréinung placéiert d’Squash Factory Schengen-Lëtzebuerg ënnert d’Referenzen vum Dammesquash zu Lëtzebuerg a bestätegt d’Exzellenz vun der Ausbildung, déi am Veräin vermëttelt get. «D'Équipe kuckt elo op nei Défien fir op dëser Erfollegspur weiderzemaachen»


Pressekontakt: squashschengen@gmail.com

Nancy Keiser, Presidentin SFSL