D'Kandidatelëschte si jo bekanntlech um Freideg, 9. September (18:00 Auer) ofgeschloss ginn. Insgesamt sinn fir di nei Gemeng Schengen 14 Memberen an de Gemengerot ze wielen, an et leien elo 20 Kandidaturen viir.
Aus de fréieren Buergermeeschter, Schäffen a Gemengréit, esou wéi matt 2 neie Leit, huet sech eng Equipe vun 18 Kandidaten forméiert, déi mam Roger Weber als Spëtzekandidat ënner dem Motto "Matt Kompetenz an d'Zukunft" untrieden (cf. Flyer).
Desweideren sinn nach zwou eenzel Kandidaturen dobäi komm: de Pierre-Nicolas Crespin vu Welleschten an der Fernand Weber vu Remerschen.
Zu Schengen sinn dëss Kéier speziell Gemengewalen, well d'Gemengen Boermereng, Schengen a Welleschten jo bekanntlech duerch d'Fusioun eng grouss Gemeng Schengen ginn.
Allerdéngs gouf am Fusioungesetz festgehalen, daat di fréier Gemengen jeweils eenzel Walsektiounen duerchstellen, an daat herno all Sektioun am Gemengerot vertrueden ass. Boermereng matt 4 Leit, Schengen a Welleschten jeweils matt 5 Leit.
All Wieler aus den 3 fréiere Gemengen huet deemno 14 Stëmmen op di eenzel Kandidaten ze verdeelen: 4 op déi vun der Sektioun Boermereng, 5 op déi vun der Sektioun Schengen a 5 op déi vun der Sektioun Welleschten.
Et gëtt och nom Majorzsystem gewielt, d.h. di 14 Kandidaten ginn an der Reihenfolleg vun hierer Stëmmenzuel an den eenzelnen Sektiounen direkt an de Gemengerot gewielt.