Mat Street Racket, een Zeechen fir Solidaritéit

Den 21.Mee 2022 huet de Squash Club vun Schengen, d’Squash Factory Schengen-Lëtzebuerg asbl, mat der Ënnerstëtzung vun der Gemeng Schengen, en Zeechen vun der Solidaritéit fir Flüchtlingen aus der Welt gewisen, wéi och fir déi, déi zu Lëtzebuerg an an Europa Zuflucht sichen.


Am Zentrum vun Europa, op der Stäreplaz tescht de Säilen vun den Natiounen, an net wäit vun der Plaz wou de Schengener Accord ënnerschriwen gouf, ass e Message un d’Welt geschéckt gin, andeems mat an fir d’Flüchtlinge Street Racket gespillt gin ass.

D´Ziel war et, e positivt Symbol vun den oppene Grenzen an Europa ze ënnersträichen.


De Street Racket ass och e Bäitrag, fir en Ënnerscheed an der aktueller Situatioun ze maachen.


Mat dëser Bewegungsart gin glécklech Plazen kreéiert, wou all Mënsch, aus all Deel vun der Welt, un Spaass a flotten Aktivitéiten um Basisniveau kann matmaachen.

Sie huet eng grouss integrativ Kraaft an ass e fantastesche Wee, fir Leit aus allen Liewenslaagen zesummen ze bréngen an ze beweegen.


Mat Street Racket kënnen och Flüchtlinge hir traumatesch Erfarunge vergiessen, eng glécklech Plaz fannen, a wäertvoll sozial an selbstbestëmmend Momenter an enger positiver Gemeinschaft erliewen.


Dës Sportart erfuerdert keng Infrastruktur, keen Ënnerhalt, wéineg oder guer keng Ausrüstung a jidderee kann direkt spillen: vu klenge Meedercher bis eeler Dammen, vun Teenager bis professionell Athleten.

Et mecht ëmmer Spaass, onofhängeg vun dem Spillniveau a kierperlechen Zoustand, an virunallem gët et eng Spillart fir jiddereen.


D’Squash Factory Schengen-Lëtzebuerg asbl seet all deenen Leit Merci, déi sech um Samschden de Mëtten tescht de Säilen op der Stäreplaz zu Schengen zesummenfonnt an d’Initiativ tatkräfteg ënnerstëtzt hun!


E besonnesche Merci un de Schäfferot vun der Gemeng Schengen, déi laanscht komm sin an matgespillt hun.


Un der nexter Editioun gët schon geschafft.

Mir géifen eis freeën, wann och Dir bei der nexter Initiativ dobäi wiert.