Pflegemoossnamen um "Kléibierg" bei Schengen

Schengen: Ufanks Dezember hunn am Zesummenhang vun de «Chantiers Nature» engagéiert Naturschützer ënnert der Leedung vun der Natur&Ëmwelt -Sektioun Kanton Réimech op engem Dréchewues Pflegmoossnamen gemaach. Um «Kléibierg» an der Gemeng Schengen ass weider entbuscht ginn. Duerch esou Aarbechten an der Vergaangenheet, konnten sech um Dréchewues eng abber Zuehl vun Orchideeënaarten usiedelen. Eng weider erfollegräich Aktivitéit huet doranner bestanen, fir duerch Abrénge vu Planzesom aus engem anere Naturschutzgebitt, an dësem Fall vum «Scheierbierg» bei Réimech , rar Zorten nei unzesidelen . Esou konnt sech zb. de «Kouhweess» (Ackerwachtelweizen) op deem neien Areal ausgibeg ausbreeden.