GENERALVERSAMMLUNG VUN DE FRAEN A MAMMEN SCHIEREN MAT SCHECKIWWERREECHUNG

13
Feb
13 Feb

De 27.01. hunn d'Fraen a Mammen vu Schieren op hir Generalversammlung invitéiert. No der Begréissung vun der Presidentin an dem Aktivitéitsbericht vun der Sekretärin, déi och gläichzäiteg Caissière ass, goufen 12 Aktivitéiten ernimmt,  Esou gouf och déi gutt Gestioun vun de Finanze vun de Keeserevisore confirméiert. Vill fläisseg Hänn hunn am Laf vum Joer vill a gutt geschafft, esou dass d'Recetten et erméiglecht hunn, Scheckiwwerreechungen u jeeweils 4 Associatiounen ze maachen. Den Haaptertrag ass  den Erléis vun der Kaffisstuff op Pällemsonndeg.

E grousse Merci all deene Leit, déi dozou bäidroen, dass dëst Evenement all Joer e grousse Succès huet, sief dat mat der Ënnerstëtzung vun Donen, Cadeaue fir d'Tombola, oder einfach d'Presenz deen Dag selwer.

Viru Chrëschtdag ginn da ganz vill Kichelcher gebak a verkaf, esou, dass déi ganz Aktivitéiten et erméiglecht hunn, 4 Schecke vu jeeweils 3.000,- u follgend Associatiounen ze iwwerreechen: APEMH, BRASILUX, EEN HÄERZ FIR KRIIBSKRANK KANNER a fir e Projet fir Weesekanner aus Indien, wou eisen Här Paschtouer Jey och engagéiert ass. 


Een häerzleche Merci hunn d'Vertrieder vun deene verschiddenen Associatiounen de Fraen a Mammen ausgedréckt fir déi generéis Donen.


Esou huet och de Buergermeeschter Jean-Paul Zeimes e grousse Merci am Numm vun der Gemeng ausgedréckt, fir all déi Aarbecht, déi am Laf vum Joer geleescht gouf. 


Den Här Paschtouer Romain Richer huet ënnerstrach, dass bei de Fraen a Mammen eng Gemeinschaft besteet, wou den Accueil grouss geschriwwe gëtt an huet  felicitéiert fir all déi gutt Wierker, déi si bis elo ënnerstëtzt hunn. 


Bei engem gudde Pättchen an engem klenge Maufel gouf den Owend dunn ausklénge gelooss. 

Elo schonns invitéieren d'Fraen a Mammen ganz häerzlechst op hir traditionell Kaffisstuff den 29.03.2026 am Alen Atelier zu Schieren.