72. Generalversammlung vun der Schierener Musek

Déi 72. Generalversammlung vun der Schierener Musek gouf de Samsdeg 24. November 2018 zu Schieren ofgehalen. No der Begréissung duerch de Präsident Marc Nickels, huet d’Sekretärin Carmen Nickels de gutt gefëllten Aktivitéitsbericht virgedroen. Ir der Versammlung de Rapport iwwert déi finanziell Situatioun vum Veräin matgedeelt gouf, koum et zur offizieller Keessiwwerreechung tëscht dem fréiere Keessjee, Jules Wagner, deen seng Funktioun an der Generalversammlung 2017 néiergeluecht huet, an dem aktuelle Keesssjee Pierre Schmit. Mat engem Kaddo huet de Comité dem laangjährege Keessjee en offizielle Merci ausgeschwat fir déi gutt Aarbecht, déi de Jules tëscht 1995 an 2017 geleescht huet.


Weider Kaddoen sinn un d’Musekante Jean-Paul Feinen, Jasmine Waldbillig a Camille Pletschette gaangen, déi am meeschten an de Prouwen an op aner musekaleschen Aktivitéiten dobäi waren.


Weiderhinn gouf dem Alfred Kayser e Kaddo iwwerreecht als Merci fir seng Méi an Zäit, déi hien an den Ennerhalt vun de Museksinstrumenter stëcht.


Folgend Musekante vun der UGDA goufen fir hir laangjähreg Memberschaft ausgezeechent : fir 5 Joer : Jessica Alves, Cathérine Baatz, Serge Malget ; fir 10 Joer : Sonja Quintus-Denecke ; fir 20 Joer : Marc Bissen ; fir 30 Joer : Mireille Moura-Garson ; fir 50 Joer : Jean-Paul Feinen, Goerges Thill ; fir 70 Joer : Adolphe Kugner.


Eng méi speziell Unerkennung vun der UGDA, d’Plaquette Jean-Antoine Zinnen, krut den Alfred Kayser iwwerreecht fir seng laangjähreg Funktioun als Sous-Chef, déi hien säit 1972 bei der Schierener Musek ausübt.


D’Zesummesetzung vum Comité huet sech net geännert a besteet weiderhinn aus folgende Memberen : Gusty Feinen, Christophe Heck, Joe Kayser, Nico Lagoda, Serge Malget, Nicole Mersch, Carmen Nickels, Guy Nickels, Marc Nickels, Jerry Schlentz, Pierre Schmit, Marguy Spaus-Degrand, Carlo Thill, Jules Wagener.


Text: Carmen Nickels

Foto: Jerry Schlentz