Gelongene Fuesweekend zu Schieren

No 13 Joeren haten d’TREI SEI de Wee nees op Schieren fonnt, wou si Fuesfreideg fir déi perfekte Fuesstëmmung gesuergt hunn. Iwwer 300 Fuesgecken waren um Rendez-vous an hu sech am Alen Atelier beschtens bis an de fréie Moien ameséiert. Mat Ënnenzopp, Gegrills, Fritten an engem, oder méi, Patt gestäerkt hunn d’Fuesboken hir Danzfähegkeeten bei enger Valse oder engem Marche op der Danzpist zum Virschäin bruecht.

D’Gewënnernummerë vun der Tombola, déi um Bal gezu goufen, sinn : 56 ; 214 ; 224 ; 342 ; 345 ; 578 : 641 ; 642 ; 841 ; 947 (wegl bis den 20/03/2019 op der Nr 621 457 339 mellen).


Och déi méi Kleng wossten d’Fuesend ze feieren. Mat hire flotte Kostümer konnten déi jonk Fuesgecken Fuessamsdeg fir e puer Stonnen an eng aner Welt klammen. Um Programm stung flott Kanneranimatioun, vill Konfetti a genuch Schneekegkeeten fir de klengen Honger.
Fotoen: Jerry Schlentz