Wann dir an deenen leschte Joren duerch eist Ländchen gefuer oder getrëppelt sidd,dann hutt dir bestëmmt déi eng oder aner Kéier kleng Gruppen vun Leit gesinn déi mat eisenen Kugelen duerch d´Luucht geschoss hunn an probéiert hunn esou no wéi méiglech un eng kleng holze Kugel erun ze kommen .Richteg, déi hunn ´´Pétanque´´ oder och nach ´´Boule´´ genannt gespillt. Dann koumen dem engen oder aneren villaicht Erënnerungen aus der Kandheet an de Kapp, Biller wou mer als Kanner mat holzen oder plastiks Bullen um Camping oder op der Plage dat selwecht probéiert hunn.Dat flott dorunner war an ass nach ëmmer dat jiddwereen gläich kann matspillen an dat ouni grouss trainéieren ze mussen. D´Reegelen sinn einfach an mat e bëssi Chance kann een direkt een Punkt maachen. Deen een ass gutt, deen aneren eng Grëtz besser, a schlecht ass souwisou keen.
´´Pétanque´´ ass en Equippesport wou Gruppen vun 2 oder 3 Leit géint eng aner Equipe spillen. Egal op Mann op Fra, op al op jonk, op grouss op kleng, ´´Boule´´ spillen verbënnt Generatiounen mateneen an den Integratiounsgedanken steet oft un éischter Platz. Et gëtt diskutéiert et gëtt gelaacht an heiansdo och geflucht, mä d´Gesellegkeet steet un éischter Platz.
De Pétanqueverrain aus Schieren ´´Schierener Bullemettien´´ sinn den 17 Mäerz an déi nei Saison gestart. Si setzen sech ënner anerem an fir ´´Boulespillen´´ an hirer Gemeng mee doriwwer eraus och an der zukünfteger Nordstad ze propagéieren. Esou hunn un dësem Dag 45 Leit un der Manifestatioun deelgeholl, déi dëst Joer zousätzlech ënner dem Motto vun ´´Télévie 2019´´ stoung.